D’Jugendhaus zu Mamer huet seng Dieren den 4 Mee 2009 éischtmols opgemaach. Zanter dem 1te September 2011 sinn mer elo an der aler "Henri Trauffler" Schoul matten am Zentrum vun Mamer.

Mir verstinn eis als en oppent Jugendhaus wou all Jugendlechen zwëschen 12 a 26 Joer wëllkomm ass. 


Am Jugendhaus ginn et divers Méiglechkeeten seng Fräizäit selwer ze gestalten. Sief dat Kicker, Gesellschaftsspiller, Darts, , Dëschtennis, Lektüre,…. .

Zudem verfügen mer iwwert en équipéierten Proufsall, deen mer jonken Museker gratis zur Verfügung stellen.Mer hunn och een schéinen Danzsall wou een kann üben.

 

                                                                                                    

                                                                           Mir sinn op: 

 

Dënschdes: 14h00-20h00

Mëttwochs: 14h00-20h00

Donneschdes: 14h00-20h00

Freides: 14h00-21h00

Samschdes: 14h00-20h00

 

 

 

 

All Mount bréngen mer en Aktivitéitsprogramm eraus wou sech selbstverständlech jiddereen drun bedeelegen kann. Mer versichen d’Proposen vun de Jugendlechen ëmzesetzen an d’Aktivitéiten

esou ze wielen, dass fir all Alter an Geschlecht eppes dobäi ass. Dat geet vun sportlechen Aktivitéiten, Kreativem, Tournoi’en, Visitten am Musée an Theater, wéi och Kachaktivitéiten.

An de Vakanzen bidden mer ëmmer en extra‘en Programm un, wou mer Ausflich, Kuerztrips an och een mol d’Joer eng Kolonie (Summer an Wanter) ubidden.

 Als Erzéier vum Jugendhaus versichen mer och ëmmer en oppent Ouer fir de Jugendlech hier Froen a Suergen ze hunn. Sou ass ët fir eis selbstverständlech, dass mer bei den Hausaufgaben, bei der Sich no enger Aarbechtsplaz an bei méi perséinleche Problemer sou wäit hëllefen wéi mer kennen.

Am Jugendhaus gëtt et e klenge Bistro, deen vun vun eisen Jugendlechen verwalt get. Softgedrénks a kleng selwer preparéiert Snacken kann een do zu engem abordabele Präis kafen.

Dir hutt nach Froen, dann zeckt net! Kommt einfach laanscht oder setzt Iech via Telefon oder Email mat eis a Kontakt.

Kuckt och ob eiser Facebook säit, wou mer ëmmer eis Aktivitéiten presentéieren.